Aktioun Bobby 12321

 

De Bobby ass den Numm vun engem klenge wäisse Petzi. Hien hëlleft der Police, mat de Kanner ze schwätzen. An wann d'Kanner der Police eppes Wichtiges ze soen hunn, wa si an Nout sinn, kënne si op der Tel-Nummer 12321 uruffen. De Bobby lauschtert hinnen no a versicht séier a gutt ze hëllefen.

D'Equipe "Protection de la Jeunesse" vun der Police judiciaire këmmert sech ëm déi Kanner, déi sech beim Bobby mellen.