De Wollef Mischi an d'Geess Zilli

Zënterdeems eng nei Cité beim Bësch gebaut gouf, geet de Wollef Mischi just nach do an d'Poubellë wullen, wann en Honger huet. Do fënnt hien och, ouni sech muss midd ze maachen, allerlee schneekeg Iessensreschter. Mat der Konsequenz, datt en esou déck a liddereg ginn ass, datt souguer d'Geess Zilli iwwert hie laacht. De Wollef Mischi ass ganz traureg doriwwer an d'Geess Zilli, déi eng léif Geess ass, wëll him hëllefen nees esou flénk a fit ze ginn ewéi fréier. Dofir brauch si awer d'Hëllef vun den Déieren aus dem Bësch.

Wichteg: Iessallergië bei Kanner mat Zäite melle w.e.g.

Zilgrupp: Cycle 1
Datum: 2. an 3. Trimester 2016-2017
Deeg: ME VE
Horaire: 8.30 - 14.00 Auer
Plaz: CAPEL, rue de l'Ecole
Weider Informatiounen: Diana Degroote Tel.: 4796-4449 - Mail:

 

Dëse Projet affichéiert "complet".