Formation des animateurs et animatrices

Ee Vakanzenjob wéi keen aneren...

Du bass Student/in an net méi al wéi 26 Joer?
Du schaffs gär mat Kanner zwëscht 5 an 12 Joer, oder awer mat Jonke bis 17 Joer?
Du hues Loscht op ee flotte Vakanzenjob?
Du wëlls de Brevet B (Aide-Animateur) maachen?

 

Affiche

De Centre d'Animation Pédagogique et de loisirs (CAPEL) vun der Stad Lëtzebuerg bitt Dir d'Méiglechkeet eng Formatioun fir Animateuren (Brevet B) am Beräich Fräizäitaktivitéite fir Kanner ze maachen, a gläichzäiteg ee flotte Vakanzenjob ze hunn.

D'Formatioun huet ee prakteschen an een theoreteschen Deel.

  • Den theoreteschen Deel besteet aus:
      • engem Weekend (formation de contact) am Dezember oder virun Ouschteren (next Formatioun: Weekend vum 17.3./18.3.18)
      • enger demi-journée "Cool bleiwen - och wann et schwéier fällt" (next Formatioun: 6. Januar 2018)
      • 2 Deeg theoretesch a an 2 Deeg praktesch Formatioun am Juli (éischt Woch Vakanz) (10.-13. Juli 2018)
      • engem Weekend de formation beim SNJ (service national de la jeunesse), deen am Laf vum Joer gemaach gi muss. Hei sichs de der ee Weekend mat enger Thematik eraus, déi Der zouseet a mells Dech do un.
         
  •  Fir de prakteschen Deel muss de
      • d'Formation de contact gemaach hunn
      • an der Chrëschtvakanz oder an der Ouschtervakanz bei der Aktioun Bambësch hëllefen (Stage a Woch vum 18.12.-22.12.2017 oder 3.-6. Abrëll 2018)
      • am Summer 5 Wochen an der Aktioun Bambësch schaffen

Weist de praktesche Stage, dass Du mat Kanner ëmgoe kanns, kënns Du am Summer während enger Woch an d'Préparative vun der Aktioun Bambësch (2 Deeg theoretesch an 2 Deeg praktesch Virbereedung),
a während 4 Wochen an d'Aktioun Bambësch schaffen (Mëtt Juli bis Mëtt August), fir deng Ausbildung ofzeschléissen.

Déi 5 Wochen am Summer gi bezuelt (Préparatioun + Aktioun Bambësch).

De Brevet gëtt offiziell vum Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse am November ausgestallt.

Wien de Brevet B krut an deem säi Stage an der Summervakanz gutt verlaf ass, kann am Prinzip sou laang an der Chrëscht-, Ouschter- an an der grousser Vakanz géint Bezuelung erëm kommen, wéi e Student/in ass a manner wéi 27 Joer huet.
Et muss awer all Joer eng nei Demande gemaach ginn, soubal d'Annonce an der Zeitung, respektiv hei um Site publizéiert gouf.


Fir d'Formatioun maachen ze kënnen, muss De eng schrëftlech Demande un de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg erareechen.

Nexten Délai: 20. Oktober 2017

Déi folgend Pabeieren musse bei d'Kandidatur derbäi geluecht ginn:

  • "lettre de motivation" (fir wat wëlls du als Animateur/Animatrice an de CAPEL schaffe kommen?)
  • Curriculum Vitae
  • Certificat de scolarité / Certificat, dass de an enger Schoul ageschriwwe bass (certificat 2017-2018)
  • Extrait aus dem Casier judiciaire - casier 3 (den Extrait ka per Email bestallt ginn: ). Dëst, wann s de méi al wéi 18 Joer bass. Jonker ënnert 18 Joer brauchen dëst d'Dokument net.
  • Copie vun der Carte d'identité
  • rezent Passfoto

Aide-mémoire fir den Aide-animateur (formatioun).

Fir all weider Renseignementer: Tel. 4796-2442.