Mir spillen dobaussen

Als Spillfuerscher maache mir eis op d'Sich no interessante Plazen an eisem Quartier. Mir maachen eng Dokumentatioun vu Spiller, déi mir ëmmer kënne spillen, an erfannen och neier. Natierlech teste mir och all eis Spiller.

Zesummen entwerfe mir esou eng flott Spillsammlung. Doranner fannen d'Kanner, d'Elteren, d'Schoulpersonal, d'Personal vun de Foyers scolaires an d'Politiker all ons Iddien, Wënsch a Bedürfnisser.

Zilgrupp Cycles 3.2 - 4.2
Datum Mäerz - Juni 2019
Deeg LU - MA - ME - JE - VE
Horaire 14 bis 20 Mol, 1 bis 2 Stonnen
Plaz Bei iech am Quartier
Weider Informatiounen

Danièle Feller
4796-4067 - Mail:

Dany Blum
Tel.: 4796-4606 - Mail:

 

Fiche d'inscription