Sang mat Family
[ publié : 17/01/2018 ]

« Sang Mat Family » ass e Sangfest fir déi ganz Famill. Bekannten a beléifte Fréijoerslidder ginn ënnert der musikalescher Leedung vum Milena Hiessl mat de Participante vun dësem Atelier astudéiert. «Sang Mat Family» ass gëeegent fir Sangbegeeschterter aus allen Altersgruppen a bitt d’Méiglechkeet zesumme Musek ze maachen an d’Fréijoerslidder aus den Nopeschlänner kennen ze léieren. D’Lidder si fir Chouer a klenge Kammermuseksensemble komponéiert a ginn am Ofschlossconcert an der Salle de Musique de Chambre an der Philharmonie presentéiert.

Datum: 16.3., 17.3. an 18.3.2018

Méi Informatioun: www.philharmonie.lu