Philharmonie: Sang mat Family
[ publié : 01/02/2019 ]

D'Philharmonie invitéiert op de Workshop «Sang mat Family», ee Workshop fir Kanner, Jonker an Erwuessener. «Sang Mat Family» ass e Sangfest fir déi ganz Famill. Bekannten a beléifte Fréijoerslidder ginn ënnert der musikalescher Leedung vum Milena Hiessl mat de Participante vun dësem Atelier astudéiert. «Sang Mat Family» ass gëeegent fir Sangbegeeschterter aus allen Altersgruppen a bitt d’Méiglechkeet zesumme Musek ze maachen an d’Fréijoerslidder aus den Nopeschlänner kennen ze léieren. D’Lidder si fir Chouer a klenge Kammermuseksensemble komponéiert a ginn am Ofschlossconcert an der Salle de Musique de Chambre an der Philharmonie presentéiert.

Datum: 22.03.2019 um 17h00. Fir d'Tariffer an aner Informatiounen, klickt hei.