Bakstuff

Nom Succès vum leschte Joer organiséiert de RAGI och dëst Joer nees e Bakatelier. Hei kënnt dir mat Ärer Klass an der Kiche vum RAGI zu Weimerskierch während engem Muere baken. D'Kanner léieren ënnert anerem déi verschidde Kärenzorte kennen, déi si duerno selwer muelen a weider verschaffe kënnen. Wéi an alle Projete vum RAGI sinn ons selwergebake Schneekereien gutt a gesond!

Wichteg: Iessallergië bei Kanner mat Zäite melle w.e.g.!

Zilgrupp: Cyclen 2 - 4
Datum: 1., 2., 3. Trimester
Deeg: LU MA ME JE VE
Horaire: 9.00 - 12.00 Auer
Plaz: Pädagogesch Kichen zu Weimerskierch
Weider Informatiounen: Diana Degroote Tel.: 4796-4449 - Mail:

Wichteg: Fir dëse Projet gëtt kee Bus bestallt. D'Klasse kënne mam ëffentlechen Transport kommen a ginn heifir op Demande zousätzlech zu de Léierpersounen, vun engem Agent vum Service Parking (Schülerlotsen) begleet.

Dëse Projet affichéiert "complet".