Pausenbrot

Zënter e puer Joer organiséiert den «Service Médical des Ecoles» (SME) vun der Stad an de Schoulen ee Projet iwwert d'Ernährungspyramid vun aid (Auswertungs- und Informationsdienst für Ernährung).

De CAPEL bitt an Zesummenaarbecht mam SME e praxisorientéierten Deel (Volet II) zu dësem Projet un.
An dësem prakteschen Deel léieren d'Kanner iwwert hir Sënner d'Liewesmëttel aus deene verschiddene Liewesmëttelgruppe kennen.

E weidere wichtegen Aspekt vum Volet II ass d'Kenneléiere vun Uebst- a Geméiszorten an hire Saisonen.
Den Ofschloss mécht e «Pausenbrot-Buffet», dee mat Hëllef vun de Kanner preparéiert an natierlech vun hinne giess gëtt.

muesli

Zilgrupp: Cycle 3.1
Datum: 1. an 2. Trimester                                                                                                        
Deeg: LU MA ME JE
Horaire: 8:30 - 11:45 Auer
Wou? Pädagogesch Kichen zu Weimerskierch - Transport public mat Begleetpersoun

Weider Informatiounen:

Diana Degroote - Tel.: 4796-4449 - Email:
Anela Adrovic - Tel.: 4796-4490 - Email:

Wichteg: Fir dëse Projet gëtt kee Bus bestallt. D'Klasse kënne mam ëffentlechen Transport kommen a ginn heifir op Demande zousätzlech zu de Léierpersounen, vun engem Agent vum Service Parking (Schülerlotsen) begleet.