Stell deng Fro - Musikjournalismus fir déi 14-18jäereg
[ publié : 19/11/2018 ]

Wars du schonn emol an engem Concert an has eng Fro, awer keng Äntwert? Gëtt et eppes, dat s du dech ëmmer scho bei professionelle Museker gefrot hues? Stell elo deng Froen an engem Interview, presentéier en an enger simuléierter Live-Sendung an de Studioe vum radio 100,7 a kréi esou en Abléck an de Beruff vum Museksjournalist. Interviewpartner sinn de Perkussionist Martin Grubinger, Museker vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg a Mataarbechter vun der Philharmonie.

Leedung vum Workshop: Luc Boentges, Museksjournalist

Plaz: Philharmonie - Alter: 14–18 Joer - Sprooch: L/D - Daten: 19.01., 25.01., 26.01. a 27.01.2019. Tarif: 55 € fir déi 4 Workshoppen. 

Informatioun & Billetterie (+352) 26 32 26 32.